Dese Mount krute mir richteg schéine Besuch: zu sengem 40. Gebuertsdag hu mir eisem Ierfgroussherzog, dee Président Honoraire vun der Fondation Kräizbierg ass, däerfen eng vun eise selwergemaachen Adventsboxen iwwerreechen. Dat erfëllt eis mat Freed a Stolz: et ass dat flottstent Kompliment wat mir eis fir eis Leit an den Atelieren, déi all zesummen un der Adventsbox geschafft hunn, virstelle kënnen. Villmools Merci dass Dir bei eis waart an eis ëmmer ënnerstëtzt!
Mir all vum Kräizbierg soen heimat: Happy Birthday Monseigneur!