Frank Haasenritter
Remise vun engem Don VW Caddy fier de Foyer Lankhelzerweiher

Den 28. Mäerz huet den Foyer Lankhelzerweier (FOL) en fonkelneien VW Caddy iwwerreecht kritt.
Dësen Auto, deen speziell behënnertegerecht ëmgebaut ginn ass, gouf vun dem Rotary Bascharage Kordall an mat der Ënnerstëtzung vun der Amicale Lankhelzerweiher.
En Schéck fir d’Fondation Kräizbierg vun der Leidelenger Musek

Am Kader vun der Generalversammlung vun der Leidelenger Musek huet d’Madame Stéphanie Monteiro, Chargée de la Direktio vun den Ateliers Kräizbierg en Schéck vun 1.350€ iwwerreecht kritt.
Dësen Betrag ass d ‘Resultat vum Wanter Concert deen den 22 Dezember 2018 stattfonnt huet an wou den Här Tom Wagner,Direkter vun der Fondation Kräizbierg, eis Institutioun an Aktivitéiten virgestallt huet.
D ‘Stephanie Monteiro huet dem ganzen Comité en grousse Merci gesot an huet wësse gelooss dass dëse Betrag gudd kann gebraucht ginn fir zukënfteg Investitiounen vun der Fondation Kräizbierg fir die behënnert Leit an der Wunnstrukturen liewen.
Journée Portes Ouvertes & Bréckefest

Verkaf vu Summerblummen am Atelier Jardinage
(deutsche Version nicht verfügbar)
Och dëst Joer nees kënnt dir är Summerblummen am Atelier Jardinage kafen, oder och direkt är Jardinièren do beplanzen loossen.
Vum 2. bis de 4. Mee, a vum 9. bis den 13. Mee huet eis Gäertnerei och bis 17:30 Auer op.
Hei drënner fannt dir en Depliant matt engam Auszuch u Planzen déi zum Verkaf stinn.


Broderie-Dudelange - 2016


Fréijoersbraderie dëse Samschden zu Diddeléng
D'Ateliers Kräizbierg sinn dëse Samschden matt engem Stand op der Gemengeplatz zu Diddeléng. Op der Platz ginn T-shirten a Kierf matt engem flotten Design "made by Kräizbierg" bedréckt, a brodéiert Artikel stinn och zum Verkaf. Dir sidd all häerzlech wëlkomm.
City Concorde 2016


Zënter 2012 hunn d’Ateliers Kräizbierg all Joer Verkafsstänn an der City Concorde. Och dëst Joer ass dëst nees de Fall, an zwar vum 19. bis 26. März, deemno just virun Ouschteren.
Bei dem Entwerfen vun Dekoratiounsartikel gouf sech dann och vill Gedanken zum Thema Ouschtere gemaach, an Originelles ass entstanen fir op dësem Stand kënne verkaf ze ginn.
Wann dir also flott fir Ouschteren rëschte wëllt, oder och e Kado sicht, dann kommt roueg op eisem Stand laanscht, en ass net wäit vun der Entrée zum Parkhaus.
Eis Leit kënnen iech gären op der Platz beroden. Och Sonndes Mëttes, den 20. Mäerz, huet den Akafszentrum City Concorde seng Dieren op.
Young Artists - Kunst kennt keine Grenzen
https://www.kraizbierg.lu/index.php/de/aktualitaet/dons/itemlist/user/63-frankhaasenritter#sigProIdbbb5e5c2e9


