Fondation Kraizbierg
Aloyse Paulus nouveau vice-président de la Fondation Kräizbierg
En sa séance du 25 novembre 2019, les Conseils d’administrations réunis de la Fondation Kräizbierg et de la société coopérative, Ateliers Kräizbierg (S.I.S), ont nommé unanimement, Monsieur Aloyse Paulus en tant que vice-président de la Fondation Kräizbierg.
Monsieur Paulus, administrateur depuis 2003, et président de la société coopérative depuis mars 2019, reprend ainsi la relève de Monsieur le Docteur Carlo Bock, démissionnaire de ses fonctions à partir du 26 novembre 2019.
Alex Bodry nouveau président du Comité d’audit financier et vice-président des Ateliers Kräizbierg

Copyright : LSAP
En sa séance du 25 novembre 2019, les Conseils d’administrations réunis de la Fondation Kräizbierg et de la société coopérative, Ateliers Kräizbierg (S.I.S), ont nommé unanimement, Monsieur Alex Bodry en tant que vice-président de la société coopérative et président du comité d’audit financier des deux entités à partir du 1er janvier 2020.
Monsieur Bodry, administrateur depuis 2004, reprend ainsi, la relève de Monsieur Jos. Schaack, dont le mandat finira de plein droit à l’âge de 75 ans. Monsieur Schaack avait introduit sa démission, qui prendra effet au 1er janvier 2020.
Remise de Don vun den Diddelenger Fléih fir d’Fondation Kräizbierg

D’Associatioun “Diddelenger Fléih” organiséiert regelméisseg Moartverkeef , an deem Kontext sinn 1.200€ zesummegedroen ginn. Am Kader vun enger Visite vun den Ateliers Kräizbierg, konnt d’Madame Stéphanie Monteiro, Chargée de la Direction vun den Ateliers Kräizbierg, den Schéck entgéint huelen fir d’Fondation Kräizbierg.
Bewunner vum Domaine Schoumansbongert
um Bauerenhaff zu Flaxweiler

https://www.kraizbierg.lu/index.php/de/media-de/presse/2015/eu-presidence/itemlist/user/64-fondationkraizbierg?start=10#sigProId07639171b1
Séit 4 Joer besichen d’Bewunner vum Domaine Schoumansbongert den pädagogeschen Bauerenhaff zu Flaxweiler, an dat 1 mol de Mount vun Abrëll bis Oktober.
D ‘Ziel ass et d ‘Hemmungen zu den Déieren ze huelen, an gläichzäiteg weiderbildend informatiounen iwwer den Haff, d ‘Deieren an hiren Ënnerhalt, ze kréien.
Déi grouss Vilfalt vun Déieren – Huesen, Hinger, Schof, Päerd, Hënn – kënnen ugepaakt an geheemelt ginn. De Stall mat den klengen Källefcher huet en extra groussen Succès.
Erënnerungen iwwer d ‘Sënner - Richen, Fillen - ginn gefuerdert, an doduerch kënnen Gefiller gespuert, acceptéiert an erkannt ginn.
Oft gëtt den Dag auskléngen gelooss mat engem gemittlech Iessen an engem Spazéiergang op der Mousel.
Abschied Jean-Paul Michels an Marco Loesch
https://www.kraizbierg.lu/index.php/de/media-de/presse/2015/eu-presidence/itemlist/user/64-fondationkraizbierg?start=10#sigProId1412448529
Den 26 September 2019 hunn die 2 laangjäreg Mataarbechter an enkem Krees hiren Abschied vum Beruffsliewen geholl. Zanter Januar 1982 hunn se an der Comptabilitéit an den Ateliers Kräizbierg geschafft.
Zwee zouverlässeg Mataarbechter die ëmmer sorgfälteg geschafft hunn, awer och mol fir en Spaass ze kréien waren, sinn elo frou dass se hir wuelverdéngten Pensioun hunn.
Der Compta hiren Slogan « Zesummen erreechen mir méi ! » hunn se am Alldag mat eis zesummen geliéwt an praktizéiert.
Elo wënschen mir hinnen eng schéin Zäit an hirer Pensioun.
Pétanque-Tournoi organiséiert vun der Amicale Foyer Lankhelzerweiher

Den 9. August huet d’Amicale Foyer Lankhelzerweiher mat der Ënnerstëtzung vun den Amis de la Pétanque vun Bartreng en Tournoi organiséiert
Deelgeholl hunn 3 Firmen mat jeeweils 4 Équipen – UNITED – HOSPILUX - TELKEA
Bénéfice Concert vun der Big Band Memory fir d’ Fondatioun Kräizbierg

D‘ Big Band Memory ass de 14. Abrëll 2000 gegrënnt ginn, wéi d’ Music-Band S.P.G.L. (d’ BigBand vun der Gendarmerie), sech duerch Fusioun mat der Police opgeléist huet.
Säit dem Joer 2010, steet des Band elo ënnert der musikalescher Leedung vum Romain Ries, deen och d’ Iddi hat zesummen mat den leit vum Comité, ënnert der Leedung vum President Jeannot Dresch, e Concert fir d’ Fondatioun Kräizbierg ze ginn.
D’ Band besteet aus ongeféier 20 Museker, die sech et zum Ziel gesat hunn, klassesch a bekannt Big Band Musek vir ze droen.
De Concert fënnt den 19. Oktober am Centre Culturel Régional (CCR) “opderschmelz” zu Diddeleng statt. D’ Gemeng Diddeleng an den CCR ënnerstëtzen domat eis Fondatioun an der Realiséierung vun engem hoffentlech flotten Owend.
D’ Oweskeess ass um 19h00. De Concert geet um 20h00 un an dauert 2 mol 45 Minutten mat enger Paus vun enger halwer Stonn.
Där kënnt är Ticketen vir bestellen per mail op Diese E-Mail-Adresse ist vor Spambots geschützt! Zur Anzeige muss JavaScript eingeschaltet sein!, an se an der Oweskeess ewech huelen. Präis vum Ticket: 15 €
Mär freeën eis op ären Besuch, mat deem der hëlleft eis Fondatioun an hier Wierker ze ënnerstëtzen!


Madame Marie-Josée Jacobs, fréier Familljeministesch an aktuell Presidentin vun der Caritas Lëtzebuerg, besicht eis Atelieren um Kräizbierg zu Diddeleng

https://www.kraizbierg.lu/index.php/de/media-de/presse/2015/eu-presidence/itemlist/user/64-fondationkraizbierg?start=10#sigProIdea1aa49358
Den Dënschden 30. Juli 2019, huet eng gutt bekannten Dame eis Atelieren besicht an hirer Funktioun vun Presidentin vun der Caritas Lëtzebuerg. Et handelt sech hei ëm d ’Madame Marie-Josée Jabobs, die fréier Ministesch fir Famill an Integratioun, die zu hirer Amtszäit ëmmer en wëllkommen Gaascht bei eis um Kräizbierg war.
Vill Mataarbechter aus den Atelieren hunn sech un se erënnert an waren frou dass se nach ëmmer Interessi weist fir hir Aarbecht. D ’Madame Jacobs selwer konnt och feststellen dass d’Ateliers Kräizbierg sech ëmmer weider entwéckelen fir Beschäftegungsméiglechkeeten ze schafen fir Mënschen ënnert dem Statut vum Salarié handicapé.




