Bewunner vum Domaine Schoumansbongert
um Bauerenhaff zu Flaxweiler
https://www.kraizbierg.lu/index.php/fr/medias/presse/2019/bewunner-vum-domaine-schoumansbongert-um-bauerenhaff-zu-flaxweiler#sigProId07639171b1
Séit 4 Joer besichen d’Bewunner vum Domaine Schoumansbongert den pädagogeschen Bauerenhaff zu Flaxweiler, an dat 1 mol de Mount vun Abrëll bis Oktober.
D ‘Ziel ass et d ‘Hemmungen zu den Déieren ze huelen, an gläichzäiteg weiderbildend informatiounen iwwer den Haff, d ‘Deieren an hiren Ënnerhalt, ze kréien.
Déi grouss Vilfalt vun Déieren – Huesen, Hinger, Schof, Päerd, Hënn – kënnen ugepaakt an geheemelt ginn. De Stall mat den klengen Källefcher huet en extra groussen Succès.
Erënnerungen iwwer d ‘Sënner - Richen, Fillen - ginn gefuerdert, an doduerch kënnen Gefiller gespuert, acceptéiert an erkannt ginn.
Oft gëtt den Dag auskléngen gelooss mat engem gemittlech Iessen an engem Spazéiergang op der Mousel.